« Si schreiwen hiert eegent Reglement – dat ass keng Konventioun méi »

15. Jan 2020 – 06:20

D’Federatioun vun de Psychotherapeuten ass onzefridde mam Projet vum groussherzogleche Reglement iwwer de Remboursement vu psychotherapeutesche Seancen zu Lëtzebuerg. De Projet gouf viru Kuerzem vum sozialistesche Sozialminister Romain Schneider ausgeschafft, nodeems laang Diskussioune tëschent der Fapsylux an der Krankekeess gescheitert sinn. Duerch dat éischt psychotherapeutescht Gesetz gouf scho viru fënnef Joer d’Grondlag fir esou e Remboursement geschaaft – duerch de Projet huet de Ministère lo versicht déi obligatoresch Dispositiounen ze definéieren. Am Gespréich mam Rahel Könen erkläert d’Delphine Prüm, Presidentin vun der Fapsylux, wisou d’Federatioun vun de Psychotherapeute géint d’Pläng vum Ministère ass.

Lien vers l’interview